DIY Geschenk-Inspiratioune fir de Partner

Vun deem Moment un, wou mer an de Geschäfter nëmmen nach Häerzer a Rosa gesinn, wësse mer Vältesdag steet un.

Fir déi, déi de Partner da ganz klischeehaft op dësem Dag mat engem léiwe Kaddo iwwerrasche wëllen, hunn ech puer DIY-Inspiratiounen zesumme gesicht.

  • Fir dengem Partner ze weisen, wéi frou's du mat him bass, kanns du him 365 Grënn opschreiwe firwat's du hie gär hues. Dës Grënn kann een dann op kléng Ziedelcher schreiwen an déi all an een Amaachglas leeën. Fir déi, deenen 365 Grënn elo bësse vill ass, déi kënnen och ganz einfach esou vill Ziedelcher schreiwen, wéi hinne Grënn afalen. Esou kann ee sech dann all Dag iwwert ee schéine Message freeën.

  • Eng aner Alternativ ass, 12 Enveloppen ze maachen, dat heescht eng Enveloppe pro Mount an där een en Date fir dee Mount festleet. Esou vergësst een am Alldag-Stress net sech Zäit fireneen ze huelen. Pro Mount kann ee sech eppes Extraes iwwerleeën, wat een nach net zesumme gemaach huet. Eng nei Erfarung, wéi z.B. Wanderen oder Kayak fueren.

Dës béid Iddien droen dozou bäi, dass ee sech net nëmmen den 14. Februar wéisst, dass ee frou mateneen ass, mee och déi aner 364 Deeg vum Joer.

 

Lauschter eran!

xx, Amii Watson