Musek bréngt Leit mat ënnerschiddlechen Originnen, Hautfaarwen, Kulturen oder Reliounen zesummen.

Et kënnt net drop u wou een hier kënnt oder wéi een ausgesäit. Et kënnt eenzeg an eleng op d’Musek un. Et deelt een déi selwecht Leidenschaft: Musek an Danzen. Fir Technonerds a Musekjunkies ass et keng Neiegkeet, wéi staark dës Passioun verbanne kann. Et huet een einfach déi selwecht Prioritéiten: Musek Musek an nach mol Musek.

Et kann een och soen, et gleeft een un déi selwecht Relioun, egal ob Techno, House oder Goa. Dat heescht net, dass ee sech direkt blann versteet, mee et erlieft een déi selwecht Momenter an Erfarungen op de Soiréeën. Sief et kee Schlof kréien an déi ganz Nuecht duerchdanzen, oder d’Gefill dat een huet wann een de Beat am ganze Kierper spiert oder och de Kater den Dag dono. Och déi random Gespréicher, déi mol am Club opkommen oder d’Léift, déi een den Owend fir déi ganz Welt empfënnt. Déi aner Musekjunkies kennen dat alles.

Et ass een einfach op der selwechter Wellelängt. Ënnereneen huet een ëmmer eppes ze schwätzen. Et ass schwéier dass engem d’Themen aus ginn, ech denken iwwert d’Musek selwer, d’Zen oder d’Kënschtler gëtt et vill ze zielen. "Awkward Silence" kënnt sou gutt wéi net fir, a wann een da keng Loscht méi huet ze schwätzen, da gëtt gedanzt!

Lauschter eran!

xx, Amii Watson