Als wat soll ech mech dëst Joer fir Fuesent verkleeden? - "Als iergendeen aus enger cooler Netflix-Serie!"

D’Kostüm-Trends ginn ëmmer vun deem wat grad an der Welt geschitt gepräägt, sief et d'Politik oder och mol Netflix-Serien.

  • The Witcher

Eng nei Serie, déi ganz beléift ass an och deementspriechend gutt ukënnt ass The Witcher.

Den Hexer "Geralt von Riva" ass op der Juegd no Monster a bréngt dës fir Suen ëm. Als Kostüm ass de Witcher net ganz einfach nozemaachen, mee mat wäissem Hoerspray, engem Schwäert a schwaarze Kleeder kënnt een der Saach scho méi no. Wann een dann nach giel Kontaktlënsen undeet a sech eng Narb iwwer d’Ae moolt, erkennt mengen ech jiddereen de Personnage.

  • Joker

Wat och Trend ass, ass den neie Joker-Look. Elo gëtt et een neit Faarf-Schema an zwar: Rout/Gréng/Giel. Déi gréng Hoer sinn een absolutte MUSS, genau sou wéi déi hellblo Raut ronderëm d’Aen, doriwwer rout Aperhoer an déi rout Clownen-Nues. Wat natierlech och net feelen dierf, dat ass de grousse roude Clownen-Mond.

Wat d’Kleeder ugeet ass ee roude Kostüm natierlech ideal.

  • Greta Thunberg

D'Greta Thunberg gehéiert zu de geheime Kostüm-Trends 2020, well egal ob ee Fan oder grad de Géigendeel vun ëm ass, et kënnt een net laanscht et. D’Greta mécht eis et a Saache Kostüm awer einfach, dir braucht nëmmen eng gro Mutz, 2 Trëtzen an eng giel Reejacket. Wann der dann nach ee Schëld mam Sproch "School strike for the climate" dobäi hutt, da weess jiddereen ëm wien et geet.

Weider Kostümer, déi beléift sinn:

  • D’Äiskinnigin Elsa
  • Einhörner
  • Money Heist
  • Orange is the new Black
  • Game of Thrones

Lauschter eran!

xx, Amii Watson