Gewunnechte fir ouni Regime schlank ze ginn oder ze bléiwen

Jiddereen huet sech dach scho mol geduecht: "Oh wann ech och nëmmen 2 Kilo manner weie géif, géif ech mech scho besser fillen". Mee dofir muss een net direkt Regime maachen. Et ginn och ee puer Tricks, fir easy e puer Pond niewebäi ze verléieren.

  • Genuch Schlof

Schlof ass warscheinlech ee vun deene meescht ënnerschate Faktore wann et ëm ee gesonde Kierper geet. Wann ee midd ass, kënnt et fir, dass een den Drang huet sech mat Snacks opzeputschen an aus dësen nei Energie ze zéien. Dacks sinn dës Snacks net onbedéngt Muerten oder een Apel, mee Kichelcher oder Schockela. Dat kann een z.B. evitéieren andeems een dem Kierper genuch Zäit gëtt sech ze erhuelen an nei Energie ze tanken.

  • Mat Kraider amplaz vu Salz wierzen

Salz bënnt nämlech d’Waasser am Geweebe an esou kann dëst oplafen. Besser ass et also mat Kraider amplaz mat Salz ze wierzen. Et gi sou vill verschidden Zorte Kraider, do ass sécher eng dobäi, déi jidderengem schmaacht.

  • Pass op wat s du drénks

De Kierper brauch vill Flëssegkeet. Am Idealfall 1,5 Liter den Dag, dat ass gewosst. Am beschten et drénkt ee sténknormalt Krunnen- oder platt Waasser. Dat huet nämlech 0,0 Kalorien. Wann dir dëse Goût awer ze langweileg ass, kanns du och bëssen Zitroun, Ingwer oder Kornischong an däi Waasser leeën.

Et gi ganz einfach Saachen op déi een am Alldag oppasse kann, déi engem hëllefen ofzehuelen. Am Idealfall ginn dës Ëmstellungen zu Gewunnechten a loossen ee sech dauerhaft gutt fillen.

Fir eng laangfristeg a gesond Gewiichtsreduktioun, roden ech zu enger Ernärungsëmstellung. Radikal Regimme kënnen zu Iessstéierunge féieren. Eng Iessstéierung ass eng eeschthaft Krankheet, déi professionell Hëllef brauch. Wann s du oder Leit déi s du kenns betraff bass, fënns du hei Hëllef: OA- Overeaters Anonymus, Anonyme Selbsthilfegruppe für Eß- und Magersüchtige, Tel.: 540084/ für Jugendliche: PsyJeunes, Tel.: 4951321/ Hôpital du Jour, CHL, 44 11 27 06

Lauschter eran!

xx, Amii Watson