De Kampf fir eng Gesellschaft an der jidderee selwecht behandelt gëtt

Zënter iwwer 100 Joer gëtt den 8. Mäerz also den "Internationalen Dag vun de Fraen" gefeiert. Op dësem Dag gëtt weltwäit fir méi Fraerechter a Gläichberechtegung gekämpft an op dës opmierksam gemaach. Deen Dag sollen awer och, déi Saache gefeiert ginn, déi bis elo erreecht gi sinn.

Bei de Vereenten Natiounen ass 2020 d'Haaptthema "Each for Equal", iwwersat "Jidderee fir Gläichberechtegung". Ënnert dem Hashtag #IWD2020 oder #EachforEqual wäert de Weltfraendag an de soziale Medie gepushed ginn.

Das sind "keine Sonderrechte, sondern Menschenrechte" – Clara Zetkin, 1910 

Vun 1914 bis 1918 war d’Fraewalrecht an d’Abezéie vun de Fraen an der Politik am Fokus. 1919 goufen et dunn déi éischt Wale fir jiddereen. Et gouf och fir gläich Pai fir Mann a Fra, géint Krich a Gewalt géint Frae protestéiert. Dës Form vu Gewalt ass wäit verbreet. Dorënner falen z.B. arrangéiert Bestietnisser, Fraenhandel, Zwangsprostitutioun oder Éiremord, wat a ville Länner ëmmer nach op der Dagesuerdnung steet.

Facts:

  • Bis 1962 duerft eng Fra kee Bankkont ouni den Accord vun hirem Mann opmaachen

  • Bis 1977 duerft eng Fra net ouni den Accord vun hirem Mann schaffe goen

Haut ass esou eppes Gottseidank an eiser Gesellschaft net méi virstellbar. Dat huet sech zum Gudde verännert, well Frae laang weltwäit fir dës Rechter gekämpft hunn.

Trotzdeem ass am 21. Joerhonnert d’Gläichberechtegung vun de Geschlechter nach net erreecht. Déi Haaptpunkte sinn an Europa zwar erfëllt, mee et gëtt nach villes ze maachen. Fraen op der ganzer Welt notzen den 8. Mäerz weiderhi fir op Problemer opmierksam ze maachen a fuerderen eng Gesellschaft an der jidderee selwecht behandelt gëtt.

Lauschter eran!

xx, Amii Watson