Et ass net méi alt ze laang bis d’Fréijoer ufänkt. A mam gudde Wieder kommen och d’Sandalen.

  • Sandalen am Büro :

En Thema, dat ëmmer erëm polariséiert. Sandalen am Büro, Go oder NoGo? Fir déi eng ass dat en absolutten NoGo a fir déi aner dat normaalsten iwwerhaapt.

Wat soll een da lo maachen?

Als gëlle Reegel gëllt mol fir d’éischt. Gefleegte Féiss an Zéiwenneel sinn déi absolutt Grondviraussetzung fir Sandale beim Job unzehunn.

Ausserdeem wat d’Aarbechtsëmfeld méi entspaant an onkonventionell ass, wat Sandale manner problematesch sinn. An enger kreative Start-Up, bei där de Chef am T-Shirt an an de Shorts op d’Aarbecht kënnt, si Sandale kee Problem.

An engem Affekotebüro, wou jidderee mat der Krawatt an am Kostüm kënnt, gehéiere Sandalen éischter net hin.

View this post on Instagram

🌭🌭

A post shared by Tine Andrea (@tineandreaa) on

Usech kënnt et awer ëmmer op d’Zort vum Schong un.

Gummi-Flip-Flops am Büro:

Bei Fashion-Insiders si Flip-Flops a Kombinatioun mat eppes Schicken deck ugesot. Wann net een an der Moudebranche schafft, gehéieren dës Schong awer éischter op d’Plage.

View this post on Instagram

Vinci sweater @elinkling

A post shared by Totême (@toteme) on

Sandale mat Liedersrimmercher am Büro:

A wéi ass et da mat Sandale mat Liedersrimmercher? Yes! Déi sinn iwwerall gutt ugesinn.

  • Strëmp a Sandalen - NoGo

Eppes wat een all Joer rëm widderhuele muss ass, dass Strëmp a Sandalen een NoGo sinn. Ausser et ass ee wéi eng richteg Fashionista ënnerwee, an et weess ee wéi een déi richteg Strëmp mat deene richtege Sandale kombinéiert.

Lauschter eran!

xx, Amii Watson