Ëmmer méi Leit schaffe vun doheem aus - zemools an dësen Zäiten.

Als Freelancer ass ee gewinnt vun doheem aus ze schaffen a sech onofhängeg mussen ze organiséieren. Dofir duecht ech, ech géif iech meng Home-Office-Tipps weider ginn.

Perséinlech sinn ech ee grousse Fan vun Home-Office. Et kann een an enger vertrauter a roueger Ëmgéigend schaffen, et muss een net onbedéngt top-gestyled sinn, et muss ee sech moies net deplacéieren an et steet een net am Stau. Et ass ee fräi sech selwer ze organiséieren, wat richteg entspanend ka sinn.

Am Endeffekt bléift doduerch méi Energie an Zäit, fir sech voll a ganz op d’Aarbecht ze fokusséieren, oder? Net grad, et ginn och vill Stéierfaktore wann ee vun doheem aus schafft.

Dofir hei meng Tipps wann s och du elo vun doheem aus schaffe muss:

  • Zäit an Aarbechtsplaz festleeën (an disziplinéiert sinn):

Lee am Virfeld fest, wéini s du ufänke wëlls mat schaffen. Wann ee schonn eng bestëmmte Routine huet, ëm sou besser. Wann ee sou wéi sou gewinnt ass um 8 oder 9 unzefänke mat schaffen, da soll een déi Routine och am Home-Office iwwerhuelen. Esou verléiert ee keng Energie un eng Ëmstellung. Sich der eng roueg Plaz an engem Zëmmer mat vill Luucht, engem bequeme Stull an engem praktesche Pult. An check am Virfeld ob s du vun do aus och eng gutt Internetverbindung hues, wann s de dës fir deng Aarbecht brauchs. Et ass wichteg eng Plaz ze hunn, déi signaliséiert: Hei gëtt geschafft.

  • Maach denge Matmënsche kloer, wéini s du net gestéiert wëlls ginn

Doheem ass ee seele ganz eleng. Maach denge Matbewunner, Elteren oder Kanner kloer, wéini s du schaffs an dass du do net gestéiert wëlls ginn. Ganz einfach kann een och ee Post-It baussen un d'Dier hänke fir, dass net all Minutt een erakënnt an däin Aarbechtsflow ënnerbrécht.

  • Pausen an deenen een net op de Bildschierm kuckt si wichteg

Wann ee stonnelaang onënnerbrach um Computer schafft, kënnt et vir, datt ee bemol mierkt, dass engem de Kapp e bëssen dröhnt oder een d’Aen dréchen huet. Fir dass engem de Kapp net explodéiert ass et wichteg Pausen ze maachen, net op de Bildschierm ze kucken, ze lëften, mat oder ouni Hond spadséiere ze goen, et kann een och d’Wäsch maachen oder d’Spullmaschinn ausraumen oder och ee Kaffi mam Matbewunner drénken. Esou kënnen d’Aen entspanen an ee seng Konzentratioun erëm sammele fir weider ze maachen.

  • Wann een ophält mat Schaffen, soll een och wierklech ophalen

Fir d’Work-Life-Balance oprecht ze erhalen, ass et och wichteg eng Auerzäit festzeleeë wéini een ophält mat Schaffen. Ab deem Moment heescht et Computer aus an den Aarbechtskolleege matdeelen, dass ee fäerdeg ass fir deen Dag. Heiansdo ass et schwéier ofzeschalten an erof ze kommen, wann een um Handy trotzdeem nei Messagen oder E-Maile gesäit rakommen. Dofir loossen ech den Handy heiansdo express iergendwou leien, huelen en net mat oder maachen en einfach op Flug-Modus.

  • Richteg kommunizéieren

D’Kommunikatioun ass wuel dat schwéierst vum Home-Office. Et muss een erausfanne wéi een am beschte mat deenen eenzele Leit kommunizéiert. Jee no Persoun a jee no Sujet kann dat variéieren.

  • To-Do-Lëscht fir de Fokus net ze verléieren

Ech schaffen immens vill mat To-Do-Lëschten, dës hëllefen de Fokus net ze verléieren an ze gesinn, wat ee schonn ofhake kann a wat nach gemaach muss ginn. Esou kënnt ee gutt virun an et gëtt een net vun onproduktive Saachen ofgelenkt.

Lauschter eran!

Happy Home-Office!

xx, Amii Watson