Guer net esou einfach, dofir hei e puer Tipps.

D’Nues kraazt, et reift ee sech d’Aen an et hellt ee sech d’Hoer aus dem Gesiicht, déi awer dauernd rëm an d’Gesiicht faalen… Eppes wat eigentlech ganz normal ass. An Zäite vu Corona ass dat awer eng Gewunnecht, déi ee sech besser huet ofzewinnen.

Dës Tipps hëllefen dir manner mat de Fanger an d’Gesiicht ze fueren an esou reduzéiers de de Risiko dech mam Coronavirus unzestiechen:

  • Wäsch der d’Hänn mat enger Seef mat intensivem Geroch oder benotz eng Handcrème déi intensiv richt. Duerch de Geroch fält engem méi séier op, wann d’Hänn rëm an der Géigend vum Gesiicht sinn. Dacks si mir eis guer net bewosst, datt mir eis an d’Gesiicht fueren. Maach aus der onbewosster Aktioun eng bewosst.

  • Een aneren Tipp ass, d’Hoer zesummen ze bannen oder esou no hannen ze maachen, datt se net ëmmer rëm an d’Gesiicht falen an ee kribbelen oder hënneren.

  • Päsch der Post-Its mat der Opschrëft „Fuer der net an d’Gesiicht“ op d’Pult, op de Laptop an einfach iwwerall hin wou s du drun erënnert solls ginn dir net an d’Gesiicht ze fueren.

  • A wann et wierklech net anescht geet an et muss ee sech am Gesiicht krazen, dann hal ëmmer een Nuesschnappech prett, fir dech mat dësem ze krazen.

xx, Amii Watson