Esou geléngt d’DIY-Frisur

Als aller éischt muss ech awer soen, wann dir iech net wuel dobäi fillt är Hoer selwer ze schneiden, da maacht et net! Et dauert zimmlech laang eng schlecht geschnidde Coupe erauswuessen ze loossen. Jee no deem, wéi schlëmm een et gemaach huet, dauert dat villäicht souguer méi laang, wéi fir ee richteg gudde Coiffeur ze spueren.

Awer am Fall, wou een dat Gefill iwwerkënnt, dass d’Hoer ELO DIREKT e Stéckche méi kuerz solle ginn, hei elo déi ultimativ Tipps.

Kuerz a knackeg:

  • Komplizéiert Schnëtter = schlecht Iddi, keep it simple wéi z.B. Spëtzte schneiden
  • Step by step. Net direkt e puer Zentimeter beieneen ofschneiden, mee et soll ee sech lues a lues un déi Längt, déi ee wëll eruntaaschten.
  • Net méi wéi 5 Zentimeter schneiden
  • Sech net ze vill zoutrauen
  • Eng anstänneg Hoerschéier benotzen. D’Kicheschéier bléift léiwer do wou se ass.

Hoerspëtzte selwer schneiden

Wann een all seng Hoer op eng Längt brénge wëll, da fänkt en domat u sech ee Mëttelscheed vun der Stier bis an d’Genéck ze zéien. Esou kann ee seng Hoer an 2 Halschechten trennen. Da soll ee sech d'Hoer grëndlech mat engem renge Kamp duerchkämmen. Dono kann ee mat enger Hallschent ufänken, dës deelt een dann erëm a reng Fliichten an, déi een tëscht 2 Fanger hëlt, nach ee mol kämmt a straff zitt. Dann ass ee bereet d’Schéier ënnert de Fanger unzesetzen an deen éischten Zentimeter ofzeschneiden. Am beschten et schafft ee sech lues a lues duerch an et schneit een net déi ganz Fliicht an engem Ruck duerch. Esou behält een d’Iwwersiicht wéi ee schneit an et kann ee seng Direktioun ëmmer nach upassen.

Dann heescht et sech Fliicht fir Fliicht duerchschaffen. Dertëscht soll ee béid Säiten ëmmer erëm matenee vergläichen, fir ze kucken ob béid Säiten och selwecht laang sinn.

Pro Tipp! Wann een een horizontal gesträiften T-Shirt unhuet, kann ee sech do un eng Linn als Direktioun halen.

xx, Amii Watson