Esou gesäit däin Drink direkt vill méi fancy aus!

Ee gudde kalen Drink dobaussen an der frëscher Loft. Ee Genoss. Ouni Äiswierfel, onvirstellbar. An elo kréien dës ee visuellen Upgrade.

Ob alkoholesch oder virgin, Äiscuben maachen den Drink ëmmer besser an ab elo och méi schéin! Blummen oder Uebst, alles wat schéin ausgesäit a gutt an engem Drink ass, kann als Inhalt fir d’Äiscuben benotzt ginn. D’Kënschtlerin Leslie Kirchhoff wéisst mat sengem Projet "Disco Cubes" wéi et geet.

View this post on Instagram

Vendredi mon cheri 🍒

A post shared by DISCO CUBES (@discocubes) on

  • Floral Äiswierfel 

Egal ob Lavendel oder Thymian, generell kënne Blummen a Kraider ouni Problem agefruer ginn. Soubal d’Äis schmëlzt, gëtt de Goût vum Drink mam Aroma vum Äiswierfel erweidert.

Fir dat nozemaachen, muss en d‘Äiswierfel-Form zur Hallschent opfëllen, dann d’Blummen oder d’Kraider draleeën an dono de Rescht mat Waasser opfëllen. Natierlech funktionéiert dat och mat geschniddenem oder klengem Uebst. Wichteg ass just, dass den Inhalt sou vill et geet ënner Waasser ass, ier en afréiert.

  • Topping aus Eis

Anescht, wann een d’Blummen oder d’Kraider aus dem Waasser raus stoe léisst, kann een och een Topping kreéieren. Et hëlt een z.B. ee klenge Stauch Peffermënz a setzt deen esou an d’Äiswierfel-Form, dass e puer Blieder uewen eraus kucken. Wann se bis gefuer sinn an een dës dono an d’Glas mécht, schwëmmt d’Äis un der Uewerfläch an d’Peffermënz-Blieder stinn um Glasrand iwwer.

Wann dat d’Drink-Erliefnis net direkt verbessert, da weess ech och net!

xx, Amii Watson