D'Serie aus den 90er als Inspiratioun fir d’Moudewelt vun haut.

Déi ganz Serie laang konnt ee sech net nëmmen an de Frëndeskrees vum Rachel, Chandler, Phoebe, Ross, Monica a Joe erafillen, mee et huet een och moudesch Verännerungen an Trends konnte matverfollegen.

An der Kultserie huet d’Rachel Green, gespillt vum Jennifer Aniston eng Virléift fir Moud, dat et ëmsou méi interessant mécht sech seng deemoleg Outfits unzekucken. Grad elo wou Trends aus den 80er an 90er erëm zeréck kommen, kann ee sech hei aus 1. Hand vun der deemoleger Zäit inspiréiere loossen.

Fänke mer mam Klassiker, dem schwaarze Rack un. Dësen ass quasi en zäitloost Kleedungsstéck. D’Aart a Wéis, wéi en ugedoe gëtt variéiert awer. An der Sendung dréit d’Rachel dëse mat engem däischteren an enken T-Shirt mat laangen Äerm drënner.

Oder och ee wäissen normalen T-Shirt ënnert engem schwaarze Rack mat dënne Bretellë funktionéiert. Dat kombinéiert ma engem schmuele Sonnebrëll mat de längelzege Glieser spigelt zu 100% den 90er Look rëm.

Och d’Monica dréit an der Serie Outfits, déi haut erëm in sinn. Fir lafen ze goen hat hatt eng "Radlerhose" un, kombinéiert ma engem Crop Top oder Sport-BH. En Outfit dat sech haut erëm esou an eis Zäit integréiert huet, dass et mol net méi opfält, dass et retro ass.

Eppes dat aus der Moud de Moment och net wech ze denken ass, dat sinn déi hell, verwäschen High-Waist Jeansboxen. Bei Friends huet e quasi jiddereen ee mol mat esou enger gesinn. Dacks gouf d’High-Waist Jeansbox mat engem unis-faarwegen Top, T-Shirt oder Hiem kombinéiert. En Trend dee ganz einfach schéngt, deen awer 30 Joer dono nach ëmmer existéiert.

xx, Amii Watson