Wie kennt et net. Et sëtzt een am Restaurant an et kann een sech einfach net entscheede wat ee gären hätt. Am léifste géif ee jo e bësse vun Allem huelen.
Genee dat ass d’Iddi hannert dem Running Sushi, deen et jo schonn eng Zäitchen a villen asiatesche Restauranten op der Welt gëtt. Et sëtzt ee virun engem klenge Lafband op deem kleng Portioune vu verschiddenem Iesse laanscht ee fueren an et hëlt een sech op wat ee grad Loscht huet. Elo gëtt et awer eng nei Variatioun vun dësem Konzept hei zu London, nämlech de Running Cheese.
Lauschtert hei de Reportage:
Wéi den Numm et scho verréit, kritt een hei amplaz vu Sushi kleng Portioune vun all méiglechen Zorte Kéis zerwéiert. Vu Brie a Geessekéis, bis hin zu Mozzarella oder geschmolte Raclettekéis ass hei alles mat dobäi wat de Kéisfan brauch. An dat Bescht ass, dass ee beim Pick & Cheese, deem eenzege Running Cheese Restaurant hei zu London, wärend enger Seance vu 75 Minutte fir ronn 25 Euro pro Persoun esouvill Kéis iessen däerf, ewéi ee packt.
Natierlech ass dat elo vläicht an dësem waarme Wieder net ganz esou attraktiv, mee den Hierscht kënnt bestëmmt. An da wäert de Running Cheese sécherlech bei de Londoner richteg gutt ukommen.
Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter