Enger Legend no, wier Groussbritannien eventuell geschwënn um Enn - an dat wéinst e puer Kueben.

Den Tower of London ass eng vun de bekanntsten an eelsten Sehenswierdegkeet an der brittescher Haaptstad. Nieft de Krounbijouen gëtt et hei awer nach eng aner, méi ongewéinlech Attraktioun, nämlech d’Kueben, déi an engem vun den Tierm hausen. Säit iwwer 500 Joer ass et e Brauch, dass ëmmer op d'mannst 6 Kueben am Tower wunnen. Am Moment sinn et der souguer 7. Der Legend no soll Groussbritannien awer ënnergoen, wann d’Kueben eng Kéier netméi an den Tower zréckkommen – a genee dat schéngt am Moment ze geschéien.

Lauschtert hei de Reportage:

D’Kueben hunn nämlech ugefaangen, ëmmer méi wäit vum Tower fort ze fléien, an dat aus engem gudde Grond. Hinnen ass einfach nëmme langweileg. Normalerweis kommen all Dag Dausenden Touristen an de Tower fir hinne Gesellschaft ze leeschten an Iessensreschter zouzegeheien. Säit dem Ufank vun der Pandemie kommen awer bal guer keng Leit méi laanscht, an dohier béchsen d’Kueben elo aus.

RTL

© pixabay.com

D’Britten sinn op jidder Fall besuergt, an no all deenen verréckte Saachen, déi dëst Joer schonn op der Welt passéiert sinn, kann een dat och vläicht verstoen. Mee ob d’Kueben awer effektiv fort bleiwen an domadder d’Enn vu Groussbritannien alauden bleift ofzewaarden.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter