© pixabay.com
D'Zukunft vun der Konescht ass digital, op alle Fall emol hei zu London!
Lues a lues kéiert hei zu London nees eng gewëssen Normalitéit an. Dozou gehéiert och, dass Muséeën a Galerien nees hir Diere fir Visiteuren opmaachen, wann och ënner strengen Oplagen. Et gëtt awer eng Ausstellung, déi elo schonn als eng vun de wichtegste vun dësem Joer gehandelt gëtt, an dobäi geet se iwwerhaapt mol eréischt nächsten Donneschdeg op. De Grond wisou all Mënsch iwwert dës Ausstellung schwätzt ass d’Kënschtlerin, déi hei hiren Debut feiert. Déi heescht nämlech Ai-Da. An d’Ai-Da ass en intelligente Roboter, dee sech op Konscht spezialiséiert.
Lauschtert hei de Reportage:
Visuell gesäit d’Ai-Da aus ewéi eng Popp, déi ee vläicht an engem Kleederbuttek gesäit, just mat 2 Roboteräerm mat deenen hatt seng Biller skizzéiert. Déi gi quasi gescannt an dann an dem Ai-Da sengem kënschtlechen Computergehier analyséiert ier e Bild produzéiert gëtt. Well d’Ai-Da d’Technologie vun der kënschtlecher Intelligenz benotzt, kann hatt och Interviewe ginn. Esou sot hatt zum Beispill, dass seng grouss Inspiratioun d’Yoko Ono, d’Fra vum John Lennon, ass.
© pixabay.com
Nach gëtt et Villes, wat d’Ai-Da net kann. Mee wien e klenge Bléck an d’Zukunft vun der Computerkonscht werfe wëll, dee ka sech dem Ai-Da seng Ausstellung vum 10 September u fir e Mount laang hei an der brittescher Haaptstad ukucken.
Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter