Wie fir den Teletravail, Home Schooling oder Videokonferenzen topgestylt wëll sinn, fir dee gëtt et elo en neien Trend.

Zënter dem Ufank vun der Pandemie verbrénge mir alleguerten wesentlech méi Zäit doheem virum Computer. Sief dat wéinst dem Teletravail, dem Home Schooling oder fir sech virtuell mat Frënn ze treffen. Och hei a Groussbritannien ass dat net anescht an d’Zuel vun de Britten, déi Skype, Teams oder Facetime benotze fir mat aneren ze kommunizéieren, huet sech an de leschte Méint bal verduebelt.

Lauschtert hei de Reportage:

Als Konsequenz ginn d’Britten awer och en Drëttel manner fir Kleeder aus, schliisslech muss ee sech jo net méi erausfizen wann een de ganzen Dag just doheem sëtzt. Mee et ginn awer och Leit, déi virtuell topgestylt ausgesi wëllen, a fir déi gëtt et elo en neie Moudetrend hei a Groussbritannien, nämlech Zoom Fashion.

RTL

© pixabay.com

Zoom Fashion - benannt no der populärer Videokonferenz-App "Zoom" – ass Moud déi just fir den Uewerkierper ass an esou entworf gouf, dass een domadder um Bildschierm vun den anere Leit opfält. Dozou gehéiere grell Faarwen a staark Kontraster, ewéi zum Beispill e schwaarze Pullover mat engem rouden Koll, oder giel a blo Schaler, déi ee sech ëm den Hals wéckele kann. Enorm populär sinn och seide Kapen a Pastellfaarwen ënnert deenen ee seng naass Hoer verstoppe kann.

Wien den Outfit komplettéiere wëll, dierf dat ganz offiziell mat Joggingsboxen a Schlappen maachen, déi déi meeschte Leit souwisou schonn doheem hunn.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter