© pixabay.com
Zënter Woche gouf driwwer spekuléiert, elo ass et esou wäit. Zënter e Samschdeg ass London nees an engem verschäerfte Lockdown.
Déi brittesch Haaptstad gëtt elo wéinst engem Taux vun 99 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner offiziell als Risikogebitt mat enger héijer Transmissiounsgefor ugesinn. Als Konsequenz ginn et nees méi streng Aschränkungen.
Lauschtert hei de Reportage:
Esou däerf een sech zum Beispill just nach mat maximal engem anere Stot dobaussen treffen, an och just an enger Grupp vu maximal 6 Leit. Dobannen däerf ee sech iwwerhaapt netméi mat iergendengem treffen, mat deem een net zesumme wunnt. Pubs a Restaurante bleiwen zwar op, mee d’Fro stellt sech wéi lukrativ dat nach fir si wäert sinn, wann een sech do just mat deene Leit treffen dierf, déi ee souwisou de ganzen Dag scho gesäit. An de Londoner Buergermeeschter Sadiq Khan huet scho gewarnt, dass et bei dëse Restriktioune warscheinlech net bleiwe wäert.
© pixabay.com
All Regioun an England huet am Moment op jiddwer Fall emol liicht aner Reegelen, well de Boris Johnson sech dogéint wiert, en zweeten nationale Lockdown auszeruffen. Trotzdeem liewe mëttlerweil méi ewéi d’Hallschent vun all de 56 Millioune Leit an England ënnert extra Lockdown-Restriktiounen,an dozou gehéieren eben elo dann och déi bal 9 Millioune Leit hei zu London.
Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter