No laangem Hin an Hier ass et dann elo schlussendlech awer esou wäit komm. England geet nees an de Lockdown.

Nodeems Wales scho virun annerhallwer Woch an e kuerze Lockdown gaangen ass an d’Restriktiounen a Schottland an an Nordirland enorm verschäerft goufen, esou gëllen ab en Donneschdeg an England nees bal déi nämmlecht Reegele wéi am Mäerz.

Lauschtert hei de Reportage:

Sämtlech Butteker déi net essentiell si mussen nees hier Dieren zoumaachen, genee esou ewéi Pubs, Baren, Restauranten, Kinoen, Theateren an esou weider. Just d’Crèchen, d’Schoulen an d’Unien bleiwe weiderhin op. Et däerf een dann och just virun d’Dier fir bei den Dokter ze goen, Liewensmëttel anzekafen oder Sport ze maachen. Des Restriktioune sollen dann elo emol bis den 2. Dezember gëllen, an duerno géif gekuckt ginn, sot de Boris Johnson.

RTL

© 1SCOTTISHLADDIE / AFP

Dass hien sech dann elo trotzdeem fir e Lockdown entsteet huet obwuel hien dat wochelaang kategoresch ausgeschloss huet, huet een einfache Grond: Ouni weider Restriktioune warnen d’Wëssenschaftler géif de Gesondheetssystem kuerz viru Chrëschtdag kollabéieren an et wär am allerschlëmmste Fall mat iwwer 4,000 Doudeger den Dag ze rechnen. Et gouf also Zäit, och hei an England endlech d'Noutbrems ze zéien.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter