Wie gemengt huet en hätt dëst Joer alles erlieft, wat en sech esou virstelle kann, deen huet seng Rechnung ouni de Robbie Williams gemaach.

Hien huet elo nämlech ganz onerwaart eng nei Single erausbruecht – an déi huet et a sech. Säi Lidd mam Numm “You can’t stop Christmas” dréint sech ganz aktuell drëm ewéi d’Chrëschtdagszäit wuel wärend der Coronakris ausgesäit.

Lauschtert hei de Reportage:

Hie sengt dovunner dass jiddwereen sech op de Kleesche freet, och wann dësem 2 Meter vun engem ewech bleiwe muss, dass hien sech Desinfektiounsmëttel als Chrëschtdagscadeau wënscht, an dass dëst Joer wuel jiddwereen alles am Internet bestellt, amplaz an d’Butteker ze goen. Et ass e Lidd dat een, wann de Robbie Williams et net esou Eescht géif huelen, als Parodie op déi sëllegen nei Chrëschtdagslidder déi all Joers nees erauskomme verstoe kéint.

D’Britte sinn op jiddwer Fall gedeelter Meenung. Déi eng fannen d’Lidd absolut fuerchtbar, déi aner soen dass esou en däämlecht Lidd genee dat ass, wat d’Welt am Moment brauch fir e bëssen ze laachen. Esou oder esou, wäert de Robbie Wiliams zefridde sinn. An enger Zäit wou de Covid, Brexit an de Lockdown d’Noriichten dominéieren, schwätzt ebeemol jiddwereen nees iwwert hien.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter