© pixabay.com
Trotz Covid mussen d'Kanner hei a Groussbritannien dëst Joer net onbedéngt op de Kleesche verzichten.
Den éischten Advent ass hannert eis an et ass Dezember. Dat heescht Chrëschtdag steet geschwënn virun der Dier an och hei a Groussbritannien ass dat geneau esou. Leider wäerten d’Feierdeeg dëst Joer e bëssen aneschters ausgesinn ewéi soss. An och eng Saach déi normalerweis traditionell um Programm vu ville Famillje mat Kanner steet bleift dëst Joer aus, nämlech, eng Visitt beim Kleeschen. Mee eng brittesch Firma well do elo nohëllefen an huet de Projet “Santa at Home” an d’Liewe geruff.
Lauschtert hei de Reportage:
Hei kann een sech eng Privataudienz beim Kleesche buchen an dat ganz Covid konform iwwert d’Videokonferenz Plattform Zoom maachen. De Kleeschen huet sech dëst Joer anscheinend extra Wi-Fi um Nordpol zougeluecht a kann dohier bequem vun doheem aus mat de Kanner schwätzen. Eng Seance dauert da ronn 12 Minutten a kascht ëmgerechent ongeféier 50 Euro. Hei dierfen da bis zu 6 Kanner deel huelen an eng onbegrenzten Unzuel un Erwuessener.
© pixabay.com
Am Moment kënne awer just Kanner a Groussbritannien, Amerika an Australien dëse Service notzen. Mee, wie weess, vläicht gëtt et de Santa at Home jo och iergendwann eng Kéier zu Lëtzebuerg.
Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter