Alle Jahre wieder gëtt vum Brexit geschwat. Mee elo geet et endlech an d'Schlussphase

Covid hei, Coronavirus do. Wärend d’ganz Welt weider just vun der Pandemie schwätzt, hunn d’Britten nees en neit aalt Liblingsthema entdeckt, nämlech, de Brexit. Streng geholl ass dëse jo schonn Enn Januar passéiert. Mee, d’Iwwergangsfrist vun 11 Méint kennt elo ganz offiziell a manner ewéi 4 Wochen op en Enn. A well et ëmmer nach keen Accord gëtt wéi d’Bezéiung tëschend Groussbritannien an der EU no dem 1. Januar 2021 ausgesi soll heescht dat, dass elo, no all deene Joren, wierklech den Endspurt usteet.

Lauschtert hei de Reportage:

Engersäits soll den Deal zu 95% prett sinn, anerersäits ginn et nach grouss Differenze ronderëm d’Fëscherei, d’Competitioun a wéi zukünfteg Sträitfäll jugéiert solle ginn. Dee gréisste Problem ass awer dass, de Boris Johnson, wéi esou oft, de Mond ze voll geholl huet a Groussbritannien an eng onméiglech Situatioun bruet huet. Zum Beispill kënnen d’Verhandlunge guernet méi laang weidergoe well dat brittescht Parlament e Gesetz erlooss hues, dat dëst verbitt, an et praktesch onméiglech ass dat Gesetz nach ze änneren.

RTL

© pixabay.com

Et wäerten also nach e puer spannend Stonnen, Deeg a vläicht Woche gi bis mer wësse wéi d’Verhandlungen ausginn. Mee eppes ass kloer: esou oder esou ass de Brexit den 1. Januar 2021 ganz offiziell eriwwer.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter