Kuerz viru Chrëschtdag leeft déi brittesch Regierung Gefor komplett d’Kontroll iwwert d’Pandemie ze verléieren.

D’Coronakris huet Groussbritannien esou haart getraff wéi bal keen anert Land op der Welt. Bis elo si wäit iwwert 60,000 Leit un der Suite vun enger Covidinfektioun gestuerwen an offiziell hunn sech bal 2 Millioune Leit mam Virus ugestach. Trotzdeem huelen d’Leit déi aktuell Restriktiounen just esou hallefhäerzeg Eescht.

Lauschtert hei de Reportage:

D’Infektiounszuelen hei zu London explodéieren grad an dohier gëtt sech erwaart, dass déi brittesch Haaptstad ab spéitstens e Mëttwoch an de komplette Lockdown geet. Mee, dat net fir laang well vum 23. Dezember  un, däerfen d’Britten ganz offiziell fir 5 Deeg laang duerch ganz England reesen fir hir Famill ze gesinn a Chrëschtdag ze feieren, egal ob si am Lockdown sinn oder net. Dass dann Millioune Leit aus der Corona-Héichbuerg London duerch ganz England reese wäerten an de Virus weider verbreeden, schéngt egal ze sinn.

RTL

© pixabay.com

D’Wëssenschaftler warne virun dësem Schratt a fäerten eng drëtt Infektiounswell. Mee d’Regierung hält weiderhin dorunner fest, schliisslech hätten d’Britten sech no esou engem schlëmme Joer eng kleng Belounung verdéngt. Dem Coronavirus wäert dat awer häerzlech egal sinn wat déi brittesch Regierung denkt an et muss een dovunner ausgoen, dass, wann sech näischt ännert, der Insel nach e ganz haarde Januar bevirsteet.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter