© pixabay.com
Wann ee vu Kanner déi Honger leide schwätzt, da geet et meeschtens em aarm Entwécklungslänner déi wäit vun eis ewech leien.
Do sinn dann Hëllefsorganisatiounen ewéi Unicef am Asaatz fir deene Kanner a Famillje mat Liewensmëttel ënnert d’Äerm ze gräifen. Mee och a räiche Länner ginn et Kanner déi Honger leiden an do ass d’Situatioun a Groussbritannien grad besonnesch schlëmm. Fir d’alleréischte Kéier zënterdeem d’Unicef 1947 gegrënnt gouf, muss si elo Liewensmëttelratioune fir Kanner a Groussbritannien verdeelen déi soss net genuch ze iessen hunn.
Lauschtert hei de Reportage:
Normalerweis kréie Kanner hei an de Schoule souwuel Mueres wéi och Mëttes gratis ze iesse – an dat och wärend de Vakanzen. Am Hierscht huet d’Regierung awer annoncéiert, dass een dëse Service awer elo netméi an de Vakanzen ubidde wäert. Déi bal 2,5 Millioune Kanner déi heivunner profitéiere musse wärend dëser Zäit vun anzwousch aneschters hiert Iesse kréien. Mee dacks feelen den Elteren d’finanziell Mëttelen, fir bemol hire Kanner 3 mol am Dag ze kachen. Dohier muss d’Unicef elo agräifen.
© pixabay.com
Déi brittesch Regierung gesäit dat awer aneschters. De Boris Johnson seet d’Kannergeld wier extra em ronn 22 Euro d’Woch eropgaange fir dëst Iessen ze decken an e bekannte Minister sot, dat wär alles just e PR Coup vun Unicef, eng Ausso déi e klenge Skandal ausgeléist huet. Mee wann d’Britten net esou schockéiert iwwert d’Regierung wieren an dohier masseg Suen a Liewensmëttel spende géifen, da géife Millioune Kanner hei am fënnefträichste Land op der Welt dës Chrëschtvakanz Honger leiden. An dat ass eng Tatsaach fir déi vill Britten sech am Moment schummen.
Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter