Wien ass op Plaz 1 vun den Charts fir Chrëschtdag? Dat ass eng Fro déi d’Britten all Joer nees em dës Zäit beschäftegt.

Well eng sougenannten “Christmas Number One” ze hunn ass hei a Groussbritannien mat enorm vill Prestige verbonnen. Natierlech, wéi bei allen Charts, entscheet de Public schlussendlech wiem dës Éier zousteet. Mee, wéi mer an de leschte Joren jo dacks genuch gesinn hunn, kann een sech net ëmmer dorop verloossen, dass d’Britten e gudde Choix treffen, wann een se wiele léist.

Lauschtert hei de Reportage:

Déi läscht 2 Joer zum Beispill koum de Komiker “Ladbaby” mat senge Coverversiounen vun “I Love Rock’n Roll” an “We Build This City” déi hien emgetext huet fir iwwert Würschtecher am Bliederdeeg ze sangen, op Plaz Nummer 1 vun de Christmas Charts. Och dëst Joer ass de Komiker nees mat um Start mat engem Cover vun Don’t Stop Believin’. Mee Konkurrenz kritt de Museker hei vun engem 26 Joer ale Lidd, nämlech, dem Chrëschtdagsklassiker “All I want for Christmas is you” vum Mariah Carey.

Bis elo war dat Lidd nach ni Christmas Number One. Mee d’Mariah Carey steet schonn zënter 2 Wochen op Plaz 1 vun den Charts a wann sech dat déi nächst puer Deeg iwwer net ännert, dann kritt hat e Freideg endlech dësen wuelverdéngten Titel. A wie weess, vläicht lancéieren d’Fans vun Last Christmas d’nächst Joer dann eng änlech Campagne. Dat Lidd war nämlech och nach ni Christmas Number One...

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter