© Tolga AKMEN / AFP
Den Drama ronderëm de Brexit huet ganz offiziell 2016 ugefaangen.
Natierlech ware vill Britte scho länger skeptesch vis-à-vis vun der EU an den deemolege Premier David Cameron huet schonn 2013 versprach iergendwann e Referendum iwwer d’Memberschaft an der EU ofzehalen. Mee 2016 war d’Joer, wou dëst och tatsächlech passéiert ass.
Lauschtert hei de Reportage:
Nodeems den David Cameron Ufank dës Jores e puer Konzessioune mat der EU ausgehandelt huet fir de Fall, dass Groussbritannien an der EU bleift, esou duerften d’Britten den 23 Juni 2016 endlech selwer heiriwwer ofstëmmen. An d’Entscheedung war eendeiteg: 52% vun de Wieler hu fir en Austrëtt gestëmmt.
© pixabay.com
Den Dag nom Vott ass den David Cameron – dee géint en Austrëtt war – zeréckgetrueden. Bis haut verzeien déi meeschte Britten him et net, dass hien hinnen dee ganze Brexitschlamassel agebrockt huet an sech dunn aus dem Stepps gemaach huet, wou et Eescht gouf. E puer Wochen drop gëtt d’Theresa May nei Premierministesch an de Boris Johnson Ausseminister.
Am Oktober dann annoncéiert d’Theresa May, dass si bis Enn Mäerz 2017 den offizielle Prozess fir aus der EU auszetrieden, genannt Artikel 50, starte géif. Am November dunn huet dat héchste Geriicht annoncéiert, dass d’Theresa May dat net ouni Zoustëmmung vum Parlament maache kéint. Et war déi éischt vu villen Hürden iwwert déi déi brittesch Regierung an den nächste 4 Joer huet misse sprange fir och wierklech aus der EU auszetrieden.
Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter