© Daniel LEAL-OLIVAS / AFP
2017 war dat Joer wou d’Brexitverhandlungen offiziell ugefaangen hunn.
Den 29. Mäerz 2017 huet déi brittesch Regierung den Artikel 50 ausgeléist mat deem d’Britten dann 2 Joer drop, also den 29 Mäerz 2019 offiziell aus der EU austriede wäerten. Dës éischt Phase vum Brexit huet sech virun allem mat Froen zu der Scheedung vu Groussbritannien an der EU befaasst, ewéi zum Beispill wéi vill Suen d’Britten der EU nach schëllegen.
Lauschtert hei de Reportage:
Fir hier Positioun an de schwierege Verhandlung mat der EU ze stäerken, huet d’Theresa May ganz onerwaart am Abrëll Neiwalen fir Ufank Juni 2017 annoncéiert – an sech dobäi uerdentlech verzockt. Hier konservativ Partei huet heibäi hier Majoritéit verluer an d’Theresa May gezwongen eng Minoritéitsregierung ze bilden, ënnerstëtzt vun der Nordirescher DUP mat der si zesummen eng ganz kleng Majoritéit hat.
© TOLGA AKMEN / AFP
Als Konsequenz huet d’Regierung et déi nächst Joren dacks net fäerdeg bruecht, Brexitgesetzer duerch d’Parlament ze bréngen. A lues awer sécher hunn d’Politiker ugefaange géint dem Theresa May seng Brexitpläng ze revoltéiere bis et 2019 zu enger richteger Rebellioun koum.
Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter