© BEN STANSALL / AFP
2019 war esou vill lass a punkto Brexit hei a Groussbritannien, dass ee liicht den Iwwerbléck verléiere kann.
3 Mol ass dem Theresa May säi Brexit-Deal am Parlament gescheitert, iert si sech gezwonge gesinn huet, fir eng Verlängerung vum Artikel 50 bis den 31. Oktober unzefroen. Lues a lues ass hier och d’Kontroll iwwert hier eege Partei verluer gaangen an nodeems den Nigel Farage mat senger Brexitpartei bei den EU Parlamentswalen am Mee – bei der d’Britten eigentlech schonn net méi hätte sollte mat derbäi si – stäerkste Kraaft gouf an déi Konservativ just op Plaz 5 koumen, annoncéiert d’Theresa May hire Récktrëtt de 24. Mee 2019.
Lauschtert hei de Reportage:
No laangem Hin an Hier gëtt de Boris Johnson ee Mount drop neie Premier a probéiert mat brachiale Methoden dat ze vollendege wat d’Theresa May net hikrut, nämlech, e Brexitdeal duerch d’Parlament ze kréien. Dofir suspendéiert hien d’Parlament a geheit eng ganz Rëtsch Parteimemberen eraus, déi géint hie rebelléieren.
© Kenzo TRIBOUILLARD / AFP
Nodeems hien eng weider Verlängerung bis den 31. Januar 2020 bei der EU accordéiert krut, rifft de Boris Johnson Neiwale fir Ufank Dezember aus a gewënnt eng säfteg Majoritéit. Domadder ass de Wee fräi fir d’Endphas vum Brexit am Joer 2020.
Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter