© pixabay.com
London a ganz Groussbritannien si weiderhin am haarde Lockdown. An dat heescht, dass och fir Vältesdag sämtlech Butteker, Baren a Restauranten zou sinn.
Mee dat hält d’Londoner awer net dovunner of, trotzdeem e romanteschen Owend mat hire Léifsten ze verbréngen. An do gëtt et dëst Joer ee groussen Trend, nämlech, sech e Menü zesumme stelle wou alles an Häerzform zerwéiert gëtt.
Lauschtert hei de Reportage:
De grousse Ränner als Haaptplat ass hei d’Salamispizza an Häerzform déi ee just de 14 Februar bei verschiddene Pizzeriaen hei zu London bestelle kann. Ween da léiwer Nuddelen huet, dee kann sech d’Häerzravioli bestellen déi mat Tomat a Mozzarella gefëllt sinn. A fir all d’Britten déi et gäre klassesch brittesch hätten, ass dann nach d’Steak Pie an Häerzform eng Alternativ.
© pixabay.com
Als Dessert kann een sech da vu Cookies bis Marshmallows oder Kuche wierklech alles an Häerzform bestellen, op wat ee Loscht huet. Vläicht méi ongewéinlech ass do nach de Brie an Häerzform, deen ee jo och gebak als Entrée genéisse kann.
Och wann d’Britten elo net fir hier kulinaresch Kënscht bekannt sinn esou wëssen och si, dass, besonnesch dëst Joer wou all Mënsch fir Vältesdag am Lockdown setzt, d’Léift definitiv duerch de Mo geet.
Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter