Deen ee kritt se mat 20 Joer, deen aneren eréischt mat 50. Mee firwat ginn Hoer eigentlech gro?

D'Kierperzellen, déi fir d'Faarf vun den Hoer responsabel sinn, ginn al a stierwe mat der Zäit of. Si kënnen da keng Faarfpigmenter méi an den Hoer alageren. Amplaz vun de Pigmenter triede kleng Loftblosen. Duerch déi schéngt d'Hoer gro.

Ma wéi kënnt d'Faarf dann elo an d'Hoer?

D'Zellen, déi d'Hoerfaarf produzéieren, heesche Melanozyten. Si sinn an der Wuerzel vum Hoer, also do, wou d'Hoer sech forméiert. D'Melanozytë produzéieren d'Faarfpigment Melanin, dat dann am Hoer, dat wiisst, gelagert gëtt. Am Laf vun der Zäit léisst d'Aktivitéit vu Melanozyten no. Fir d'éischt produzéieren se manner Melanin. Dono stierwen se of. An da kritt ee gro Hoer.

Mee firwat da sou fréi? Vill Leit sinn dach nach guer net esou al!

Dass Melanozyten ofstierwe ka vill Ursaachen hunn. Déi wichtegst ass eng genetesch Prédispositioun. Hunn Deng Elteren a Grousselteren och fréi gro Hoer kritt? Dann hutt Dir an der Famill einfach eng Veranlagung dofir. Verschidde Leit kréie scho mat 20 Joer déi éischt gro Hoer. Anerer bleiwe bis an den héijen Alter blond, brünett oder schwaarz. Dat kann een elo ongerecht fannen, ass awer ganz normal.

Kann een dann och iwwer Nuecht gro Hoer kréien?

Dat ass en haartnäckegt Gerücht. Esouguer wann alleguer d'Melanozyten op eemol ophale Faarfpigmenter ze produzéieren, mussen d'Hoer jo fir d'éischt lues aus der Wuerzel erauswuessen. Sou gëtt dat grot Hoer réischt no an no siichtbar. Iwwer Nuecht geet dat net.

Lauschtert hei de Reportage