Zanter e puer Joer liest een dacks, dass d'Zuel vu Beien, Päiperleken, Kiewerleken a Co. géif staark zréck goen. Stëmmt dat?

Déi Berichter sinn net iwwerdriwwen. Opmierksamkeet krut als éischt Enn 2017 eng Etüd vun däitschen Hobbyfuerscher aus Krefeld. Si hate ronn 25 Joer laang mat Hëllef vu spezielle Fale Fluchinsekte gezielt. D'Resultat ass. dass esouwuel d'Zuel vun den Zorte wéi och d'Gesamtzuel hat a 25 Joer em bal 80 Prozent ofgeholl. Fuerscher vun der TU München hunn an deene leschten 10 Joer och festgestallt, datt Insektenzorten em ongeféier een Drëttel zréckgaange sinn. Si hunn dat op bal 300 Platzen a Bëscher a Graslandschafte gemooss.

Wéi gesäit et op anere Plazen aus? 

Dëse Phänomen léisst sech iwwerall beobachten. Wëssenschaftler an Australien hunn 73 Etüden zesummegefaasst a stelle fest, dass a ville Regiounen op der Welt d'Insektepopulatioune méi kleng ginn. Aner Wëssenschaftler diskutéiere grad elo Zesummenhang vum dësem Biodiversitéitsverloscht mat der Verbreedung vu Pandemien. Wa manner Wierten do sinn, kéinten d’Viren éischter op de Mënsch iwwer goen. Weltwäit ginn all Joer 2,5 Prozent Biomass verluer. Wann deen Trend unhält, kéinten an e puer Joerzéngte 40 Prozent vun allen Aarten ausstierwen.

Wat ass de Grond fir d'Insektestierwen?

D‘Experte ginn dovun aus, datt d'industrialiséiert Landwirtschaft eng entscheedend Roll spillt. Mee et ass schwéier dat eendeiteg ze beweisen. Warscheinlech spille verschidde Facteuren eng Roll sou brénge Monokulturen, Iwwerdüngungen an den Asaz vu Pestiziden d'Déieren ëm oder klaut hinnen hir Liewensgrondlagen. Dobäi kommen d’Zersiidlung vun der Landschaft, de Verloscht vun Hecken oder Feldränner, a Liichtverschmotzung.

Kann een d'Verschwanne vun Insekten da wierklech op senger Autosfënster feststellen?

Bestëmmt. Wa manner Insekten an der Loft sinn, kënnen der och manner géint d'Autosfënster knuppen. Allerdéngs spillt och d'Form vun de Gefierer eng Roll. Si hunn haut meeschtens e méi aerodynameschen Design wéi fréier a schneiden de Wand also besser. Doduerch gi vill Insekte bei der Kollisioun einfach op d'Säit geschleidert.