Déi eng iessen e puer Maufel ze vill, a schonn ass d'Box ze enk. Anerer kënne scheinbar iesse wat se wëllen, ouni zouzehuelen. Wéi kann dat sinn?

Schold dorun ass warscheinlech brongt Fett. Dat hu Wëssenschaftler vun der TU München erausfonnt.

Brongt Fett? Wat ass dat dann?

Brongt Fett an eisem Kierper verbraucht Energie a produzéiert Wäermt. D'Natur huet brongt Fett virun allem fir den Ufank vum Liewe geschaaft. De Kierper vun engem Puppelchen huet en ongënschtegt Verhältnis tëscht Uewerfläch a Volume a verléiert dofir besonnesch liicht Wäermt. Dat brongt Fett hëlleft hei. Et gëtt Energie verbrannt, an de Kierper gëtt erhëtzt, fir z'evitéieren, datt de Puppelche fréiert.

Dat brongt Fett ass anescht wéi dat "normaalt" wäisst Fett. Dat ass den onbeléifte Speck, deen eis deck mécht. Dat ass einfach eng Energiereserve fir méi moer Zäiten.

Wat huet dat brongt Fett da mam déck ginn ze dinn?

Déi meeschte Leit hunn och als Erwuessener nach brongt Fett, wann och manner wéi bei der Gebuert. Bei hinne ka weiderhin Energie an de "Fett-Uewen" fléissen, amplaz a Form vu Speckpolster gebunkert ze ginn. Sou verhënnert dësen Iwwerrescht aus der Kannerzäit bei hinnen, dat si zouhuelen.

A wéi gëtt dëst Fett verbrannt?

Brong Fettzelle ginn duerch Keelt aktivéiert. D'Wëssenschaftler vu München hunn awer elo erausfonnt, datt och Liewensmëttel mat vill Kuelenhydrater dësen Uewen ufeieren. D'Energie aus dem Iesse gëtt also duerch dat brongt Fett verbrannt a mécht net déck.

Mee wouhier kommen dann d'Ënnerscheeder bei deene verschiddene Leit?

Dommerweis variéiert den Undeel vu brongem Fett bei jidderengem. Fraen hu meeschtens méi dovu wéi Männer. A mam Alter verschwënnt des Zort Fett ëmmer méi. Dat kann ee Grond sinn, firwat virun allem Männer am Alter dozou tendéiere, méi déck ze ginn.

Lauschtert hei de Reportage