Aktuell wier d’Zäit vun de Festivaller, mee Fête de la Musique a Co. si leider ofgesot. Ma nieft Live Musek huet och de Radio eng staark Wierkung op eis.

Mr. Science, wann ee schlecht drop ass, kann traureg Musek ee wierklech tréischten. Beim Raume motivéieren dann éischter séier Beats. Da mécht déi Aarbecht och méi Spaass. Wisou ka Musek eis esou beaflossen?

Musek wierkt iwwert d'Gehier op eise ganze Kierper. De Rhythmus beaflosst den Häerzschlag, d'Ootmung, de Bluttdrock a souguer d'Produktioun vun Hormoner. E séiere Beat mécht eis monter well mir eis dann am Rhythmus beweegen. Dat ka souguer bis zu enger Aart Trance oder Extas goen. Lues Musek berouegt eis dogéint, an hëlt de Stress ewech. Dat ass immens fir de Kierper a fir d'Séil immens heelsam.

Huet Musek da biologesch gesinn en Zweck?

Musek gëtt et scho ganz laang. Warscheinlech huet se sech parallel zur Sprooch entwéckelt. Schonn an der Steenzäit hunn d'Mënsche Musek gemaach, sou zum Beispill Flütt gespillt. D'Leit sangen a klappen zesummen an d'Hänn, musizéieren an danzen zesummen. Musek ass dobäi wéi e soziale Pech, deen d'Gruppen zesummenhält. Dat geschitt och um psychologeschen Niveau. Beim Musizéiere gëtt d'Liebeshormon Oxytocin fräigesat, a mir spieren eis deenen Anere méi no.

Kënne mir Musek aus anere Kulturen dann iwwerhaapt verstoen?

Natierlech spillen Erfarungen an Erënnerungen eng grouss Roll beim Museksgoût. Awer et gëtt iwwerraschend grouss Gemeinsamkeeten tëschent deenen ënnerschiddleche Kulturen. Positiv Musek ass ëmmer zimmlech séier, wärend traureg Musek méi lues ass a méi déif Téin benotzt. Also jo, mat e bësse Fangerspëtzegefill kënne mer d'Musek vun anere Kulture verstoen.

Ka Musek mir da konkret hëllefen, d'Liewe méi ze genéissen?

Absolut! Musek aktivéiert de Belounungszentrum am Gehier, wéi och d'Consommatioun vu Schockela, Drogen oder Sex. Musek mécht Ustrengunge méi agreabel, kann awer och berouegen. Mir Mënschen si sozial Wiesen, dat erlieft ee beim Musizéiere ganz besonnesch.