Fir verschidde Schüler hält d'Schouljoer mat der schlechter Noriicht op, datt si hir Klass d'Joer drop mussen doubléieren. Mee bréngt dat iwwerhaapt eppes?

Pauschal kann een dat esou net komplett beäntwerten. Ech sinn zum Beispill eemol sëtze bliwwen, a fir mech war et aus ënnerschiddlech Grënn ganz gutt. Dat ass mir awer eréischt vill Joren duerno bewosst ginn.

Wat soen dann d'Wëssenschaftler?

Déi grouss Majoritéit seet, dass Sëtzebleiwe kengem eppes bréngt. Weder de Schüler, déi ee Joer zweemol maache mussen, nach de Klassen, déi di méi Léierschwaach zeréckloossen. An och net der Steierkeess.

Déi meescht Leit fannen et dach ganz logesch, datt schwaach Schüler sëtzebleiwen?

Dat ass net logesch, mee Gewunnecht. Mir kennen et eben sou, datt een an der Schoul sëtze bleiwe kann.

Wëssenschaftlech Etüde wéi d'PISA-Etüd weisen awer, dass Schüler déi sëtzebleiwen, sech am Duerchschnëtt méi schlecht entwéckelen, wéi änlech schwaach Schüler, déi an déi nächst Klass versat ginn. Dat Schlëmmst ass, dass den Ofstand sech am Laf vun der Zäit, also no e puer Cyclen, och nach vergréissert.

Wourunner kann dat leien?

Sëtzebleiwen ass frustréierend. Et steet een ob eemol virun enger neier Klass mat méi jonke Schüler an et kënnt een sech wéi e Loser vir. Dat motivéiert sou gutt wéi keen zum Léieren. Dobäi kënnt, dass een déi meescht Matière och nach kennt. Dat ass fir e Schüler relativ langweileg - besonnesch, wa Schoul souwisou net den Dram vum Liewen ass.

Wéi kann ee méi schwaache Schüler da besser hëllefe wéi mat Sëtzebleiwen?

Schüler, déi riskéiere sëtzenzebleiwen, brauche besonnesch Ënnerstëtzung. Déi Däitsch soe Förderunterricht, also eng Aart Cours d'Appui, deen hir Schwächten am Bléck hält, well keen ass iwwerall gläich staark.

Dat ass natierlech eng Erausfuerderung fir de Schoulsystem an et missten déi néideg Ressourcë do sinn. Dobäi kéint et jidderengem eppes bréngen, souguer der Staatskeess, well Sëtzebleiwe verursaacht héich Käschten an der Educatioun

Lauschtert hei de Reportage