Wat geschitt an eisem Gehier, wa mer léieren?

Mister Science, knapps huet d'Schoul erëm ugefaangen, heescht et erëm léieren, léieren, léieren. Wéi packt eis Gehier et eigentlech, sech déi ganz Matière ze verhalen?

D'Gehier besteet aus ganz villen Nervenzellen. Déi kommunizéiere mat Hëllef vu chemesche Botestoffer an elektresche Signaler mateneen. Huel emol un, du solls den Numm vun der Haaptstad vun Usbekistan léieren. Wann des Informatioun am Gehier ukënnt, kommunizéiert eng Grupp Nervenzelle an enger bestëmmter Regioun vum Gehier mateneen. Wann s de den Theoreme de Pythagore solls léieren, sinn aner Nervenzelle aktiv.

Wann dat beim Léiere méi dacks virkënnt, bilden déi betraffen Nervenzelle méi Kommunikatiounskanäl aus, an d’Signaler ginn och verstäerkt, sou datt d’Kommunikatioun méi einfach gëtt. D'Informatioun gëtt esou am Gehier ëmmer besser verankert - an du kanns dech méi liicht drun erënneren.

A wéi enger Form ginn d’Informatiounen dann am Gehier gespäichert?

Dat wëssen d’Fuerscher nach net genee! Si huelen un, datt duerch déi verstäerkte Kommunikatioun tëscht Gruppe vun Nervenzellen ee bestëmmten Aktivitéitsmuster entsteet. Dëst Muster gëtt dann duerch en externe Reiz – z.B. e Wuert, e Geroch, e Bild – erëm ausgeléist, a mir erënneren eis un d‘Informatioun.

Wéi kommunizéieren d’Zellen da mateneen?

D'Nervenzellen hu ganz laang Äerm. Des wuessen openeen zou, awer tëscht hinne bleift eng mini kleng Spléck. Dat ass d'Synaps. Wann d'Zell eng Informatioun verschafft, schëdden hir Synapsen chemesch Botestoffer aus. D'Nopeschzell erkennt des a kann d'Informatioun da verschaffen an a Form vun engem elektresche Signal weiderleeden.

A wéi heescht dann elo d’Haaptstad vun Usbekistan?

Taschkent. Wann s de der dat elo wëlls mierken, muss de dat kuerz an dacks widderhuelen, an dech am beschten dobäi nach ameséieren da verhält een nämlech besonnesch gutt.

Lauschtert eran