Et kennt een et vun de Partyen, also virun der Pandemie. Wann een net méi am Haaptraum ass, kléngt d’Musek just nach sou gedämpft. Wisou ass dat esou?

Am beschte versteet een et wann ee weess wat de Schall ass. Dat gesäit en gutt bei enger Membran vun engem Hautparleur: Bei déiwen Téin gesäit een wéi se sech hin an hier beweegt. Bei den héijen Téin kann ee mam Fanger spiere wéi se vibréiert. D’Loft gëtt vun der Membran ofwiesselend zesummegedréckt an ausernee gezunn. Dobäi ginn Drockschwankunge produzéiert, déi sech duerch d’Loft weider beweegen. Déi Drockschwankungen héiere mir an eisem Ouer als Toun.

Wat ass dann den Ënnerscheed tëschent héijen an déiwen Téin?

Déi héich Téin hunn eng méi héich Frequenz, dat heescht, dass se méi Drockschwankunge pro Sekonn produzéieren, wéi déif Téin. Héij Téin beweegen d’Deelercher an der Loft also méi dacks hin an hier wéi déif Téin. A wann eng Schallwell d’Deelercher méi dacks muss hin an hier stoussen, da leescht se och méi Aarbecht. Dobäi geet Energie a Form vu Wäermt verluer. Déi héich Téin ginn dofir méi séier méi schwaach. Si mussen einfach méi schaffe wéi déi Déif...

Wat geschitt da wann d’Téin net duerch d’Loft ginn, mee duerch d’Maueren?

De Prinzip ass ëmmer de selwechten: Téin sinn Drockschwankungen, déi d’Baudeeler vun der Matière hin an hier beweegen. Dobäi ass et egal op dat Deelercher vun der Loft oder vum Bëtong sinn. Déi héich Téin beweegen d’Deelercher méi séier, an doduerch ginn se och méi séier schwaach. Doduerch kommen déi déif Téin net nëmme méi wäit duerch d’Loft mee och besser duerch d’Maueren.

De selwechten Effekt, notzen och Elefanten a Walen. Hir Lauter bestinn haaptsächlech aus déiwen Téin. Doduerch ginn hier Signaler ganz weit duerch d’Savannen an duerch d’Mier bis se bei hire jeeweilege Kolleegen ukommen.

Lauschtert eran