Inox-Seef, also e Stéck Metall, soll géint den haartnäckegsten Ënnen- a Knueweleksgeroch un den Hänn hëllefen. Léist sech dat wëssenschaftlech beweisen?

Et gëtt et wierklech- Inox- Seef (an souguer Deo). Bei enger Inox-Seef handelt et sech em eefërmeg Inox-Stécker, déi schéin ausgesinn an anscheinend haartnäckeg Gerécher besser solle wech huele wéi normal Seef. Fir dëst Versprieche feelt et awer u Beweiser. Ech hunn heiriwwer just Temoignagë fonnt awer keng eenzeg wëssenschaftlech Etüd.

Wat soen dann d’Produzenten, wei hier Inox-Seef funktionéiere soll?

D'Uewerfläch soll d’Gerochsdeelercher bannen oder wéi e Katalysator wierken an se ofbauen. Mee fir d’éischt soll dat Thema an enger seriöer wëssenschaftlecher Etüd ënnersicht ginn, réischt da wier ech mer sécher. Ech hat och laang esou eng Inox-Seef mee ech konnt keen Ënnerscheed zur normalem Hännwäsche mat Waasser feststellen.

Mol ugeholl d’Inox-Seef géif funktionéieren, da misst dach d’Inoxdëppe jo och d’Arome vum Iessen zerstéieren...

Eigentlech schonn...  mee dat ass éischter net de Fall, mee och dozou ass d’Studielag ganz dënn. Aus enger Etüd kann een mëttlerweil ëmmerhin op dëst Resultat schléissen.

Wat huet déi Studie da genau rausfonnt?

D’Fuerscher wollte rausfanne wei verschidde Metaller de Geschmaach vum Iesse beaflossen. Dofir hu si Testpersounen entweder séiss, sauer, salzeg, batter oder neutral Crèmen zerwéiert, an dees hunn si mat verschiddene Läffele misse schmaachen. Läffelen, déi mat Zénk a Koffer beschicht sinn, beaflossen de Geschmaach däitlech: d’Schlagsan schmaacht an deem Fall méi metallesch oder méi batter. Erstaunlecherweis huet dat d’Testpersounen awer net gestéiert. Gold an Inox hunn de Geschmaach net beaflosst. Dëst ass also éischter eng Entwarnung vir d’Inoxdëppen.