Kleng Sëlwerfësch flitzen duerch Buedzëmmer a Kichen, ouni datt een se héiert. Wouhier kommen déi kleng Insekten eigentlech?

Déi ronn een Zentimeter laang Insekte liewen haut virun allem synanthrop. Dat heescht, datt een se bis op e puer Ausnamen nëmmen a Wunngebidder vu Mënsche fënnt. Et ass awer keen Unzeechen, dass eng Wunneng oder en Haus net propper ass.

Si hunn et gär waarm, fiicht an däischter. Dofir gi se vun heemelege Kichen, schlecht gelëfte Buedzëmmer oder schuckelegen Wäschkiche magesch ugezunn.

Liicht hu se par konter guer net gär. Dofir verkrauchen sech déi selwer blénkeg Déieren daagsiwwer a klenge Rëss, Nischen oder hannert den Tapéiten a gi réischt an der Nuecht op d'Sich no Fudder.

Fir dann iwwert d'Bicher hierzefalen?

Dat ka sinn. Well des Déieren ernäre sech vun Zocker, Stäerkt, Zellulos oder Reschter vu Pech. Bicher si fir si also ganz appetitlech. Awer och bei Stëfter wéi Léngent oder Kotteng soe si net Nee. Si sollen anscheinend kapabel sinn, d'Zellulos direkt an Zocker ze splécken. Dat kënnt bei Déiere ganz seele vir. Déi meescht Déiere brauche fir d'Verdauung vu Planzefasere Mikroorganismen an hirem Gedäerms.

Sëlwerfësch sinn also schiedlech Plogeeschter?

Sou pauschal kann een dat net soen. Natierlech kënnen hier Iessgewunnechten am schlëmmste Fall Kleeder oder Pabeier futti maachen. Mee dat geschitt eigentlech just, wann der vill do sinn. Wann se sech allerdéngs esou massiv verbreeden, dann heescht dat awer och datt déi betraffe Raim e Problem mat Fiichtegkeet hunn.

Ausserdeem stinn och Hautschuppen, Hausstëbsmilben a Schimmelpilz op hirem Menü, wouriwwer Leit mat Allergie sech villäicht freeë kënnen. Allerdéngs huet eng wëssenschaftlech Etüd och gewisen, datt d'Déiercher selwer Allergie provozéiere kënnen. Soss iwwerdroen se awer keng Krankheeten.

Lauschtert eran