Déi meescht Kanner hunn et gär, wann een se këddelt. Vill Erwuessener haassen et awer. Firwat ass dat esou?

Doriwwer zerbrécht sech d’Wëssenschaft nach de Kapp. Fir d’éischt: Et ginn zwou Zorte Këddelen. Knismesis ass dat kribbelegt Gefill un der Haut, dat beispillsweis lnsektebeen hannerloossen. Gargalesis ass vill méi graff. Drock ass hei e Schlësselreiz - an dee kann ee mat de Fangeren genau un den empfindlechste Plaze vu sengem Affer opbauen.

Dat ass awer net léif. Firwat hunn d’Kanner dat da gär?

Hei gëtt et verschidden Theorien: Këddelattacke kënnen d’Bindung tëscht Kannt an Eltere verstäerken. Oder d’Ofwier vun de Kanner trainéieren. Een dee beim Spille léiert, de flénke Fangeren ze entkommen, packt dat duerno eventuell och bei Gefor. Ausserdeem setze Këddelattacken d’Gehier an en Alarmzoustand. Sech ze ënnerwerfen oder ze flüchte sinn dann déi natierlech Reflexer. Villäicht ass dat alles awer och e Mëssverständnes. Et ass méiglech, datt net d’Wuelbefannen, mee de Besoin no kierperlechem Kontakt oder einfach den Nervekitzel bei Kanner am Virdergrond steet.

An trotzdeem musse mir hefteg laachen, wa mer gekribbelt ginn!

Dat stëmmt, jo. Ma d’Laachen ass dacks en Reflex. Virun allem këddeleg Leit tréine scho vu Laache beim Gedanken dorun. Dat muss awer net heeschen datt déi Persoun frou ass. Mir kräische jo och wann mer Ënne schneiden, ouni datt mer traureg sinn.

Lauschtert eran