Eise Kierper brauch Energie, fir permanent op Betriebstemperatur ze bleiwen. Kann een dat notzen an duerch manner Hëtzen ofhuelen?

Dat kéint méiglech sinn. Wëssenschaftler hu festgestallt, datt Mënsche bei Keelt méi Energie verbrauchen. An anere Versich si Mais, déi bei niddreger Zëmmertemperatur geschlof hunn, méi schlank bliwwe wéi Mais déi et gutt schuckeleg haten.

Mënsch a Maus verbrennen hiert Fett, fir Wäermt ze produzéieren. Dovunner gëtt d'Wunneng zwar net waarm, awer Du. Du kanns also mol probéieren, deng Heizung erofzedréien.

Muss ech mäin Zëmmer dofir an eng Äishiel verwandelen? 

Nee. 19 Grad sinn eng gesond Zëmmertemperatur. Japanesch Fuerscher hunn 12 Fräiwëlleger an normale, liichte Kleeder zwou Stonne pro Dag bei 17 Grad sëtze gelooss. No sechs Woche war hire Fettundeel däitlech méi niddreg wéi bei der Kontrollgrupp. An enger hollännescher Etüd hunn d'Fuerscher d'Zëmmertemperatur souguer op 15 Grad erofgedréit - fir sechs Stonnen den Dag. Si hu sech dobäi awer just fir déi brong Fettzellen interesséiert, dës wierke wéi eng Heizung. An déi si méi grouss a méi aktiv ginn.

OK ? D’Fettzellen gi méi grouss – ass dat net kontraproduktiv?

Et gëtt do en Ënnerscheed tëscht brongen a wäissen Fettzellen. Déi wäiss bilden de Fettpolster deen de Kierper e bëssen isoléiert, an deen och schwiereg ofzebauen ass. Déi brong Fettzellen par conter kënnen hir Energie direkt an Hëtzt ëmwandelen – an dës Energie geet da bei Keelt verluer. An dës Zellen loossen sech neisten Erkenntnisser no och bei Erwuessenen duerch Keelt aktivéieren. En zweeten Effekt ass datt bei Keelt d’Muskelaktivitéit eropgeet, doduerch gëtt ee waarm, an déi verbraucht och vill Energie. E Beweis datt een ofhëlt feelt awer – de Kierper ass nämlech keng ganz einfach Maschinn.

Lauschtert eran