Wann een décken Honger huet gëtt een dacks zum Déier: de Mo grommelt da wéi e Bier. Mee firwat?

Lauschtert eran

De Mo ass eng Zort Sak mat réngförmege Muskele ronderëm. Des zéien sech a rhythmesche Beweegungen zesummen an entspanen sech erëm. Wann de Mo voll ass gëtt den Iessensbräi doduerch gedréckt a kënnt duerch eng kleng Ëffnung an den Dënndaarm. Wann eng Zäit näischt méi nokënnt ass de Mo just mat Loft gefëllt an dann hu mer am Bauch en Huelkierper de klénge/schwénge kann. Beim Verdauen passéiert et awer ëmmer nees datt och Loft mat an den Dënndaarm gedréckt gëtt an dës Loft kann dann duerch dat dënnt Lach tëschent Dënndaarm a Mo zeréckstréimen an mécht dobäi en änlecht Geräisch wéi e Loftball aus deem een d’Loft erausléisst. Dës Vibratioune iwwerdroen sech op den Huelraum vum Mo a ginn sou verstäerkt. Datt d’Loft aus dem Dënndaarm zréckstréimt passéiert méi heefeg – mee bei gefëlltem Mo héiert een dat manner. Dëst sinn awer éischter Hypotheesen well net besonnesch vill Fuerschungsgelder fir sou een Thema ausgi ginn

Et ass also e Signal, datt de Mo eidel ass. An elo, wou ech drun denken, grommelt e gläich nach vill méi
Jo, wann een Iesse richt, oder e gedeckten Dësch gesäit oder nëmmen un Iessen denkt, da kënnt de Verdauungssystem schonn an d'Gäng. Déi Réngmuskelen gi da schonn aktiv, et gëtt Loft hin an hier gedréckt, an d'Fanfare an eisem Bauch spillt drop lass.