Wourunner orientéieren d’Vulle sech fir nom Wanter hir Réckrees unzetrieden?

Do ginn et ënnerschiddlech Ausléiser a sou ganz verstinn d’Fuerscher dat och nach net. D’Vulle mierken engersäits dass d’Deeg méi laang oder kuerz ginn, d’Temperature klammen oder falen, an d’Fudder knapp gëtt. Mee si spieren anscheinend och ënnerlech, wéini de richtegen Zäitpunkt ass.

Also eng Zort interne biologesche Kalenner?

Jo, Fuerscher hu souguer bei Vullen a Käfeger beobacht, datt si am Fréijoer an am Hierscht onroueg ginn an ëmmer an eng Richtung fléien. Dat Behuelen heescht am Fachjargon “Zugunruhe”.

Wéi wëssen d’Vullen da, wou se hifléie mussen? 

Et gëtt ugeholl datt si an hirem Schniewel oder am An ee speziellt Organ hunn, mat deem si d’Magnéitfeld vun der Äerd wouerhuele kënnen – wéi e Kompass. A sou wësse wou Norden a Süden ass. Awer si orientéiere sech och un der Sonn an de Stären, an un der Landschaft.

Huet de Klimawandel en Effekt op den Timing vun der Vullewanderung?

Besonnesch a Skandinavien beobachte Fuerscher ëmmer erëm, dass verschidde Vullen am Fréijoer éischter zréck kommen, oder am Wanter net méi sou wäit wech fléien. Awer e kloren Zesummenhang mat méi mëlle Wanteren ass do nach net bewisen. Dofir brauchen d’Fuerscher nach méi Beobachtungen iwwert e längeren Zäitraum.

Firwat kommen se iwwerhaapt aus dem Süden erëm? Ech géif einfach do bleiwen…

De Grond firwat d’Vullen an de Süde fléien ass well se während dem Wanter hei net genuch ze friesse fannen. Soubal et awer erëm méi waarm gëtt an d’Vullen sech vermehre missten eis Vullen sech mat deene Vullen déi dat ganzt Joer iwwer am Süde liewen ëm Fudder a Brutplatze streiden. A wee weess, vläicht hunn déi lëtzebuergesch Vulle jo och Heemwéi…

Lauschtert eran