Rout, gréng, blo Eeër – fir Ouschtere sinn d'Hénger jo richteg Kënschtler. Mee lo mol seriö: Firwat sinn Héngereeër eigentlech wäiss oder brong?

D'Ee kritt seng fest Schuel am Leedaarm vun den Hénger.Se besteet haaptsächlech aus Kallek an ass fir d'éischt mol wäiss. Mee jee no Héngerrass sammele sech rout Pigmenter aus dem Blutt a giel Pigmenter aus de Faarfstoffer vun der Gal am Kallek un a vermëschen sech zu engem bronge Faarftoun. Et steet also an den Hénger hire Genen, ob se wäiss oder brong Eeër leeën. Mat der Faarf vun hirem Fiederkleed huet dat iwweregens näischt ze dinn.

Schued. Kann ech den Hénger trotzdeem ofgesinn, wat fir eng Eeër se leeë wäerten?

Dat kann een hinnen tatsächlech ofgesinn – zumindest, wann se rengrasseg sinn. D'Natur huet nämlech verschiddenen Héngerrassen d'Faarf vun den Eeër hannert d'Ouere geschriwwen. Do hunn d'Déiere kleng Hautfalen, Ouerscheiwen oder Ouerläppercher genannt. Wann dës wäiss sinn, leeën d'Hénger normalerweis wäiss Eeër. Wann dës awer rout sinn, dann ass d'Eeërschuel brong. D'Hénger halen sech allerdéngs net all un dës Reegel. Den Hybriden, also de Kräizunge vu verschiddene Rassen, gesäit een d'Eeërfaarf zum Beispill net un den Hautfalen of. Araucana-Hénger hu Fiederbommelen un hiren Hautfalen a leeën hellgréng Eeër.

An huet d'Faarf vun der Schuel och en Afloss op den Inhalt vum Ee?

Neen, d'Faarf vun der Schuel huet weder Afloss op d'Närstoffer nach op de Goût. An d'Faarf vum Dueder hänkt och net vun der Kalleksschicht of, mee vum Fudder vun den Hénger. Also: egal ob wäiss, brong oder gefierft Ouschtereeër: loosst Iech se gutt schmaachen!

Lauschtert eran