Och wann ee gutt preparéiert ass, kann ee mol an engem Examen ee Blackout hunn a sech un näischt méi erënneren. Ma wisou geschitt dat iwwerhaapt?

Lauschtert eran

Wann alles, wat ee geléiert huet, op eemol fort ass, dann heescht et: roueg bleiwen. Otem an engem Zoch déif an. Ziel dobäi a Gedanke lues bis sechs. Dann häls Du d'Loft kuerz un an otems genee esou lues nees aus. So dir och, dass Du der Situatioun net hëlleflos ausgeliwwert bass. Wann s Du dat méchs, da misst Du dech normalerweis no e puer Minutten entspanen. Dëst funktionéiert am beschten, wann s Du d'Stressbewältegung och scho wärend der Virbereedung op d'Prüfung üübs.

A wéi maachen ech dat?

Deng Ootmung kanns Du zum Beispill mat Yoga trainéieren. Och geziilten Entspanungstechnike loosse sech einfach léieren. Grad sou wichteg, mee vill méi schwéier ass et seng eegen Astellung zu Prüfungen ze änneren. Wann ee mengt, dass wéinst engem verkackten Examen d'Welt ënnergeet, dann ass d'Panik virprogramméiert. An dann notzt och all Otemtechnik net ganz vill. Wann s Du dir allerdéngs sécher bass, dass d'Liewen och no enger schlechter Prüfung weidergeet, da bass Du direkt vill méi entspaant. An d'Liewe geet weider!

Firwat kritt een iwwerhaapt e Blackout?

En Tiger am Gestrëpp oder d'Prüfungsaufgaben um Dësch provozéieren eng Stresssituatioun. Dat ass awer net onbedéngt eppes Schlechtes. Grouss Quantitéite vum Stresshormon Cortisol ginn ausgeschott a fléissen duerch eise Kierper. D'Gehier an d'Muskele kréien eng Extraportioun Energie. Kuerz: Duerch e bësse Stress ginn Héchstleeschtunge méiglech. Mä ze vill Cortisol schléit op den Hippocampus. Dës Schaltzentral fir Erënnerungen am Gehier zitt kuerzerhand de Stecker, fir e Schued ze verhënneren. De Kapp fillt sech op eemol eidel un. Ginn de Stress an de Cortisolspigel erof, geet den Hippocampus nees un d'Netz an d'Erënnerung kënnt zréck.

Lauschtert eran