Wann een eng Glace ësst, muss de Kierper déi mol entdeeën a verbrauch dobäi Energie. Kann een also dobäi ofhuelen?

Lauschtert eran

Dat kléngt lackeleg, mee dat funktionéiert awer net. Et ass awer richteg: Eisen Organismus brauch Energie, fir déi äiskal Schneekegkeet op Kierpertemperatur ze bréngen. Fir ee Kilogramm puert Äis ze schmëlzen, si ronn 80 Kilokalorien noutwendeg. Fir d'Waasser dann op Kierpertemperatur opzehëtzen, kommen der nach 37 dobäi. Dat gläiche Fett an Zocker awer labber aus. An engem Liter Glace verstoppe sech gutt 1.500 Kilokalorien a souguer Waasserglace huet der nach 240.

Mee d'Verdauung brauch jo awer och Energie, oder?

Dat ass scho richteg an nennt sech am Fachjargon postprandial Thermogenese (cf. Infobox). Haaptsächlech Eewäiss brauch vill Energie, fir verdaut ze ginn. Mee an der duerchschnëttlecher Glace stiechen éischter Zocker a Fett – zwee Grondnärstoffer, déi vill méi Energie hierginn, wéi hir Verdauung brauch.

A wann ech einfach ganz vill Äiswierfelen iesse géif? Géif ech dann ofhuelen?

Well puert Waasser keng Närwäerter huet, brauch Däi Kierper tatsächlech méi Energie fir d'Schmëlzen, wéi en der kritt. Doduerch ofzehuelen, bleift awer trotzdeem onrealistesch. Fir e Liter gefruere Waasser ze schmëlzen, verbraucht een nämlech grad mol 6 Prozent vu sengem duerchschnëttlechen Energieverbrauch pro Dag. Fir lo wierklech duerch d'Iesse vun Äiswierfel ofzehuelen, misst een méi wéi déi 2-3 Liter Äis iessen, déi een sengem Kierper (a Form vu Waasser) maximal zoumudde sollt.