Mécke si lästeg. Do kann engem scho mol d'Hand ausrutschen. Mä wann een net trëfft, mécht een der Méck da wéinstens Angscht?

Lauschtert eran

Ob Mustiken et wierklech mat der Angscht ze di kréien, wann een no hinne facht, ass wëssenschaftlech net gekläert. Angscht als Emotioun ass zwar beim Mënsch gutt ënnersicht a mëttlerweil huet d'Fuerschung och bei verschiddene Wirbeldéieren Angscht nogewisen. Bei Déieren ouni Wirbelen wéi zum Beispill Insekten ass dëst awer vill manner gutt erfuerscht.

Huet d'Wëssenschaft da wéinstens eng Iddi, ob dat kéint esou sinn?

Jo, verschidde Fuerscher*inne mengen, dass och Insekten e Bewosstsinn – an deemno Emotiounen – hunn. Anerer wëllen Usätz vun esou Emotiounen souguer scho bei Beien an Essegmécke fonnt hunn. Wat d'Essegmécken ugeet, gëtt et allerdéngs och eng Meenung, déi de Géigendeel seet. Trotzdeem ass et méiglech, dass d'Gefuchtels mat den Äerm d'Mécken definitiv verdreift.

A wouhier weess een dat?

A Labo-Experimenter hu Wëssenschaftler*innen ägyptesch Tigermécken a klenge Réier heftege Loftstéiss ausgesat – an op dës Manéier e Schlag simuléiert. Gläichzäiteg ass den Doft vun engem Mënsch eragestréimt. Déi kleng Nerveseeën orientéiere sech nämlech bei der Sich no Blutt ënner anerem um Doft vun hire potenziellen Affer.

Mécken, déi esou eng brenzeleg Situatioun – also de simuléierte Schlag – iwwerlieft hunn, hunn duerno an engem Test e Bou ëm dëse mënschleche Geroch gemaach. Dat heescht: D'Déiere léiere bäi. Ob dat elo awer mat Angscht zu dinn huet, wéi mir se kennen, muss nach ënnersicht ginn.