Hält een eng Muschel un d'Ouer, da mengt een, et géif een d’Mier dauschen héieren. Mä wou kommen dës Geräischer a Wierklechkeet hier?

Lauschtert eran

D’Iddi héiert sech zwar romantesch un, stëmmt natierlech awer net. Well éischtens sinn et manner d'Schuele vu Muschelen, mä meeschtens d'Haisercher vu Mieresschleeken, bei deenen een dat typescht Dauschen am Ouer héiert. An zweetens ass et net d’konservéiert Melodie vum Mier, déi mir do héieren, mä d'Schleekenhaus geheit einfach d’Geräischkuliss, déi ronderëm eis ass, zréck. De Beweis: A speziell isoléierte Laboen, déi vum Kaméidi vun der Aussewelt ofgeschiermt sinn, ass d'Schleekenhaus quasi stomm.

Ah sou! Et stëmmt deemno net, dass d’Schleekenhaus d'Geräischer vum Blutt, dat duerch de Kapp fléisst, verstäerkt?

Nee, an dat léisst sech och ganz liicht widderleeën. Wann een e Mikro niewent d'Schleekenhaus stellt, dann hëlt deen och d'Dauschen op.

Mä wéi ginn dann d'Geräischer vu ronderëm am Schleekenhaus an en Dausche verwandelen?

Dat Bannescht vum Schleekenhaus ass en Huelraum, dee mat Loft gefëllt ass. Duerch all méiglech Geräischer ronderëm vibréiert d'Loft. Dës Vibratioune breede sech als Schallwellen aus. D'Gehaiser hirersäits si Resonanzkierper — änlech wéi zum Beispill eng Gittar. Dat heescht: Jee no Form a Gréisst vum Gehais gi verschidde Schallwellen am Schleekenhaus verstäerkt an anerer ofgeschwächt. Et entsteet dat typescht Dauschen, dat mir héieren, wa mir esou eng Muschel un eist Ouer halen. Iwweregens: Dëse Phenomen léisst sech och mat enger eideler blechen Dous oder esouguer mat der hueler Hand feststellen. Also, probéiert et direkt mol aus!