All Dag komme Kanner op d'Welt. Mä an ewéi engem Mount hunn eigentlech déi meescht Leit Gebuertsdag?

Lauschtert eran!

Dat hänkt vun der Regioun of. Zu Lëtzebuerg zum Beispill kommen déi meescht Puppelcher am Mee op d'Welt  – an duerno am Januar an am Juli. An Amerika ginn et besonnesch vill Gebuerten am September. An d'Fuerschung huet och en Zesummenhang tëschent dem Gebuertsdag an der geographescher Lag fonnt. Wärend an den nërdleche Géigenden déi meescht Gebuerten am Fréijoer an am Summer sinn, verschiibt sech den Héichpunkt méi am Süden éischter a Richtung Hierscht. An op der Südhallefkugel sinn d'Muster anscheinend ëm sechs Méint verréckelt .

Firwat ass dat esou?

De Mënsch kann d'ganzt Joer iwwer Kanner kréien. Dass d'Gebuertsdeeg ronderëm d'Welt trotzdeem net gläichméisseg verdeelt sinn, ka sozial, awer och biologesch Grënn hunn . D'Längt vum Dag kéint en Afloss drop hunn, wéini déi meescht Kanner gemaach ginn. Eng Etüd huet erausfonnt, datt op der Nordhallefkugel vill Kanner virun allem tëschent September an Dezember gemaach ginn. Bei néng Méint Schwangerschaft wieren déi meescht Gebuerten deemno tëschent Juli a September.

Huet dat elo mat der Biologie oder mat eise soziale Gewunnechten ze dinn?

Warscheinlech ass et eng Mëschung aus béidem: An enger nach net evaluéierter Etüd hu Wëssenschaftler:innen Daten aus enger App fir Fraegesondheet mat Gebuerteregëstere kombinéiert. D'Resultat: D'Fruchtbarkeet schwankt iwwer d'Joer, ass op der Nordhallefkugel awer an de Wanterméint méi héich. An d'sexuell Aktivitéit ass iwwer d'Feierdeeg méi héich, wat mat de Gebuertsspëtzten zesummenhänke kéint.