Ob um Wee op d'Aarbecht oder an d'Vakanz: D'Waarden an engem Stau kraazt un den Nerven. Hëlleft Musek géint de Stress? A wa jo, wéi eng?

Lauschtert eran!

All Expert an Automobilist huet seng eegen Tipps, fir besser mat Stress am Stroosseverkéier ëmzegoen. Musek ze lauschteren, ass bestëmmt eng gutt Iddi. Datt si funktionéiert, hunn och e puer kleng wëssenschaftlech Etüde beluecht. Am Stau oder Stop-and-Go-Verkéier schléit d'Häerz zum Beispill méi onreegelméisseg. Leeft Musek am Auto, da wierkt dat berouegend.

Wéi eng Zort vu Musek gouf dann an dësen Etüden ënnersicht?

Bei enger klenger, kontrolléierter Etüd a Brasilien gouf Piano- oder aner instrumental Musek lafe gelooss. Et ginn awer och aner Etüde mat verschiddene Museksstiler, bei deenen d'Resultater änlech waren. Esou hu Fuerscher:innen aus Kanada an aus den USA scho viru méi ewéi 20 Joer erausfonnt: D'Lauschtere vun der perséinlecher Liblingsmusek entspaant beim Autofueren – allerdéngs just am Stau. Am normale Verkéier huet d'Musek keng Wierkung.

Hëlleft och Musek, déi als aggressiv gëllt, zum Beispill Heavy Metal?

Dozou ginn et ënnerschiddlech Erkenntnisser. Englesch Etüden hu festgestallt, dass extrem Musek beim Autofueren de Bluttdrock an d'Luucht dreift. Aner Ënnersichunge beleeën, dass dës Zort vu Musek och ausgläichend wierke kann – zumindest bei Leit, déi dës Musek gutt fannen. Esou hunn australesch Fuerscher:innen Heavy-Metal-Fans, déi rose waren, Musek eraussichen an duerno lauschtere gelooss. Vill vun den Testpersounen hu sech Titel erausgesicht, déi och vu Roserei oder Aggressiounen handelen. Miessunge vun der Häerzfrequenz an d'Auswäertung vun de Questionnairen hu gewisen: D'Musek huet hinne gehollef, fir méi roueg ze ginn. Ob dat dann awer och am Stau hëlleft, gouf an dëser Etüd net explizitt ënnersicht.