Déi eng erschrécken nëmmen ebëssen, wann op Halloween op eemol eng grujeleg Gestallt ëm den Eck kënnt. Aneren entwutscht esou Gebierels.

Lauschtert eran!

Wisou si munch Mënsche méi fäertereg wéi anerer, Mr Science?

Wéi staark een erschreckt hänkt vu ville Faktoren of. D’Erfarungen, déi een am Laf vum Liewe mat Schrecksituatioune gemaach huet spillen dobäi eng änlech grouss Roll wéi engem seng aktuell Verfassung: Wann ech midd oder gestresst sinn, erschrecken ech méi liicht. Ausserdeem deite verschidden Experiment drop hin, datt et och zu engem gewëssene Grad an de Gene läit.

Wéi eng Roll spillen dann d’Gene beim Erschrecken?

D’Erschreckreaktioun soll eise Kierper a kierzter Zäit op eng méiglech Gefor virbereeden. Signalsubstanzen am Gehier setzen eng Kettereaktioun a Gang. D’Niervenniere schëdden Hormoner aus. Mir gesinn, héieren a riche besser. D’Häerz pompelt méi Blutt duerch eise Kierper an eis Muskele spanen sech automatesch un. Mir si bereet fir d’Flucht oder de Kampf.

D’Zesummespill vun de Genen- vun deene ronn 100 un der Erschreckreaktioun bedeelegt si solle – entscheet doriwwer, wéi séier d’Alarmsignal am Gehier aktivéiert gëtt a wéi laang et aktiv bleift.

Wann ee liicht erschreckt, ass dat awer näischt Schlëmmes.

Nee Normalerweis ass dat och hautdesdaags nach eng sënnvoll Reaktioun fir de Fall datt een enger Gefor ausgesat ass. Ganz traumatiséierend Ereegnesser wéi Krich, Accidenter oder Gewaltdote kënnen awer zu enger staark erhéichter Erschreckhaftegkeet féieren. Da ginn och harmlos Reizer schonn duer fir hefteg Reaktiounen auszeléisen. Sou Traumaen, dat mengen d’Fuerscher, kënnen och weider verierft ginn. Verantwortlech heivir wieren epigenetesch Mechanismen. Déi wierke wéi e Schalter an eisem Genom a kënnen iwwer e puer Generatioune weider gi ginn. Wann e selwer schreckhaft ass, da kann dat also vun enger traumatescher Erfarung vun engem Virfare kommen.