Ech hu gelies, dass Depressioune wärend der Corona-Pandemie méi heefeg gi sinn. Wéi entstinn eigentlech Depressiounen a wéi kann ee si verhënneren?

Eng Depressioun ka jiddereen treffen, a si sinn tatsächlech wärend der Pandemie méi heefeg ginn. Wat si ganz konkret ausléist, ass nach net ofschléissend gekläert. Momentan si verschidde Facteuren als Ausléiser bekannt: eng genetesch Dispositioun, Verännerunge bei den Hormoner – zum Beispill wärend enger Schwangerschaft –, Stoffwiesselverännerungen am Gehier oder psychosoziale Stress. (z.B Leeschtungsdrock oder Stress) Medezinner hunn och eng Rei Risikofacteuren identifizéiert an domat Moyene fir d'Preventioun.

Wéi kann een dann eng Depressioun evitéieren?

Sech reegelméisseg un der frëscher Loft beweegen, sech gesond ernären, mat Alkohol a Koffein spuersam ëmgoen an op Nikotin verzichten – dat hëlleft net just als Preventioun géint Depressiounen. Och bewosst Entspanen – zum Beispill mat Meditatioun an Achtsamkeetsübungen – kann de Risiko vun enger Depressioun reduzéieren. Wichteg sinn och sozial Kontakter, besonnesch mat Mënschen, déi engem e gutt Gefill ginn.

Wéi mierken ech iwwerhaapt, dass ech depressiv sinn?

De Begrëff Depressioun kënnt aus dem Laténgeschen a bedeit „erofdrécken“ an esou fillt et sech och un. D'Stëmmung ass um Buedem; den Driff geet géint null; Freed, Loscht an och d'Hoffnung verschwannen aus dem Liewen; an d'Selbstwäertgefill geet verluer. Dës Gefiller entstinn zwar och bei Trauer, hale bei enger Depressioun awer vill méi laang un.

Wat kann ech maachen, wann et esou wäit komm ass?

Eng Depressioun ass eng Krankheet an et brauch een onbedéngt medezinesch Hëllef. Mat Psychotherapie, Antidepresseuren an enger Panoplie vun ënnerstëtzende Behandlungen ewéi Luucht- oder Schlofentzuch-Therapie kënnen Depressiounen an de meeschte Fäll gutt behandelt ginn.