Bei ville Koppele gehéiert Oralverkéier beim Sex dozou. Zum Schluss kënnt d'Ejakulatioun. Ass et gesond, de Sperma ze schlécken?

Lauschtert eran!

Tatsächlech enthält Sperma Närstoffer, déi fir de Kierper wichteg sinn: zum Beispill Proteinnen, also Eewäiss-Moleküllen. Mä d'Quantitéit ass ganz kleng. Si maache just 5 Prozent vum Ejakulat aus. Dat geet bei Wäitem net duer, fir dass een d'Wierkung mierkt. Dat selwecht gëllt fir aner Stoffer ewéi Kalzium, Magnesium an Zénk.

Aus wat besteet Sperma dann haaptsächlech?

Niewent Proteinnen an de genannte Spuerenelementer enthält Sperma ënner anerem Aminosaieren, Zitrounesaier, verschidden Zorten Zocker, Hormoner a Spermin – eng Substanz, déi a munche Kierperzelle produzéiert gëtt an déi éischte Kéier am Sperma nogewise gouf. Mä den Haaptbestanddeel ass Waasser: Et mécht wäit iwwer 90 Prozent vun der Spermaflëssegkeet aus. Op d'Spermie selwer entfale just zirka 0,5 Prozent vum Sperma.

Och wann d'Närstoffer net duerginn – huet Sperma awer och positiv Wierkungen?

Na ja, et ginn e puer Studien, déi esou Effete beschreiwen. Amerikanesch Fuerscher hu beispillsweis ënnersicht, ob heefege Kontakt mat Sperma d'Psych vu Frae beaflosst. Si hunn erausfonnt, dass Fraen, deenen hire Partner beim Geschlechtsverkéier kee Kondom benotzen, manner zu Depressiounen tendéieren ewéi anerer. Den Oralverkéier stoung awer net am Fokus vun dëser Studie. An d'Interpretatioun vun de Resultater vun dëser Studie ass och ëmstridden: Well de positiven Effet op d'Stëmmung kéint och ganz onofhängeg vum Sperma – eleng duerch d'kierperlech Intimitéit – ervirgeruff ginn, wat awer net ënnersicht gouf.

Ëmgekéiert gekuckt: Ka Sperma schiedlech sinn?

Am Normalfall net. Virausgesat: Béid Geschlechtspartner si gesond. Well net just beim Vaginal- oder Anal-, mä och beim Oralverkéier kann ee sech mat verschidde Geschlechtskrankheeten ustiechen. Méi Informatioune fannt Dir op www.safersex.lu